lb fr

Neiegkeeten


Eischt Viregt Nächst Lescht

Stee vum Télévie-Bild

2015-04-23

D'Kanner aus dem Cycle 1 aus der Aerenzdallschull (Medernach an Iermsdref) hunn honnert Häerzer gemoolt. Mat dësen Häerzer ass ee flott Bild entstan wat och um Cover vun eiser CD "Ech fir dech an du fir mech" ze gesinn ass.
D'Bild gëtt e Samsdeg um groussen Télévi-Dag zu Medernach versteet!



Reesen (m)am Buch

2015-04-23

En Donneschdeg, den 23. Abrëll war d'Journée du livre et du droit d'auteur. An dësem Kader huet d'Aerenzdallschull sech um dësjähregen Projet "Reesen (m)am Buch" bedeelegt. Wéi all Joer sinn rëm flott Aktivitéiten zum Thema Bicher a Liesen organiséiert ginn.



Verkaf vun der Télévie-CD

2015-04-19

D'CD "Ech fir dech an du fir mech !" kënnt dir beim Léierpersonal vun der Aerenzdallschull oder um groussen Télévie-Dag, Samsdeg 25. Abrëll 2015, kafen. Präiss : 8 Euro. Erléis : Télévie















Krëschtmaart 2014

2014-11-28

D'Fanfae Medernach an d'Aerenzdallschull hunn sondes, den 7. Dezember 2014 op Miedernach an d'Sportshal em 14h00 Auer op hire Krëschtmaart invitéiert an dat mam offizielle Startschoss vum Centre de promesses Aerenzdall 2015 a Präsenz vun RTL.
Wirschtercher, Fritten, Glühwäin, Turbo-Drëpp an anert Gedrénks
Bastelsaachen, Kaffisstuff, Tombola
Concert: 16h00 Harmoniechen Beetebuerg (dir. Jeff Hennico)

Don fir Télévie 2015



D'Kanner vun den Cyclen 1 an 2 kucken Theater

2014-11-07

Den Clown Mausini huet een kandgerechten Programm zum Thema Zännhygien gespillt. D'Kanner hunn all gutt matgemaach an hate vill Spaass.



Vizverkaf mat Erléis fir Télévie

2014-10-06

D'Kanner aus der Aerenzdallschull waren an de läschte Wochen an der Gemeng fläisseg Äppel rafen mat deenen dunn zu Eppelduerf an der Eppelpress Viz gemaach gouf. Dëse Viz as Freides den 10. a Samsdes den 11. Oktober 2014 am Hall vun der Primärschoul zu Medernach verkaf gin.




Eischt Viregt Nächst Lescht