lb fr

Neiegkeeten


Eischt Viregt Nächst Lescht

Bicherausstellung 2016

2016-04-17

Am Kader vun de "Journées du livre et du droit d'auteur" organiséiert d'Aerenzdallschull eng Bicherausstellung am Musikssall zu Medernach :
Mëttwoch 20/04/16 : 14.00 - 17.00 h
Donneschdeg 21/04/16 : 8.00 - 12.00 h
                                     14.00 - 18.00 h
Freideg 22/04/16 : 8.00 - 12.00 h
                            14.00 - 17.00 h
An dësem Kader gouf och ee Virliesconcours fir all Cycle organiséiert!
 D.pdf (200 KiB)

» Galerie kucken






Krëschtmaart 2015

2015-12-11

Sonndeg 13. Dezember 2015



Cycle 3 an der Eppelbléi

2015-12-09

De Cycle 3 war aktiv am Kader vun der Eppelbléi. Dat ganzt stoung ennert dem Motto:  "Mama Muh feiert Chrëschtdag".



Maach Math

2015-07-09

De Cycle 3 ass houfreg, beim Maach Math Concours sou gutt ofgeschnidden ze hun.









Regional Halleffinale vum Virliesconcours zu Iermsdref an der Spillschoul

2015-05-11

Di regional Halleffinale vum Virliesconcours fannen dëst Joer den Dënsdeg, den 2. Juni 2015 um 14h30 am Hall vun der Spillschoul zu Iermsdref (43, Gilsdreferstrooss) statt.
 
Well dëst Joer de Virliesconcours am Zeeche vun der Kannerrechtskonventioun steet a gläichzäiteg säin 10. Anniversaire feiert, hu mir d’Madame Isabelle Hauffels vun UNICEF Lëtzebuerg invitéiert, fir eis iwwer d’Kannerrechter ze informéiren. 
Dat ass secherlech och ganz interessant fir déi aner Schüler a gläichzäiteg kënne si duerch hir Präsenz hire Kandidat ënnerstëtzen.
 
D'Kandidaten an hir Elteren gi per Post ugeschriwwen.
Um Enn vun dësem flotten Nomëtteg offréiert d’Äerenzdallgemeng nach e klenge Patt.




Aerenzdallschull kann 28000€ fir den Télévie spenden - ee grousse Merci un jiddereen deen dozou bäigedroen huet

2015-04-29

D'Kanner aus der Aerenzdallschull hunn sech immens dru ginn an hunn eng enorm Zomme fir den Télévie gesammelt. Dës Suen sinn zesummekomm duerch ganz ënnerschiddlechg Aktivitéiten:
- den Télévie-Laf ronderëm den alen Fussballsterrain
- den Verkaf vun eiser CD "Ech fir dech an du fir mech"
- um Chrëschtmaart
- den Verkaf vun Adventskränz
- den Verkaf vum Viiz
- um Bichermaart
- beim Theater an der Iermsdrefer Spillschoul
- den Verkaf vum Punsch
Mir wëlle jidderengem, deen dozou bäigedroen huet, an och e Samsdeg trotz dem schlechte Wieder den Télévie duerch seng Presenz ënnerstëtzt huet ee grousse Merci soen!



Videoclip "Ech fir dech an du fir mech"

2015-04-27

Klickt op video fir den Videoclip vun eisem Télévielidd ze kucken



Eischt Viregt Nächst Lescht