lb fr

D’Äerenzdallschull spend 3000€ un d’UNICEF

2020-10-26

Haut hate mir zu Medernach Besuch vun UNICEF Lëtzebuerg. 
De Paul Heber ass bei eis an d’Schoul komm, fir e Scheck vun 3000€ entgéint ze huelen. Des Suen stamen aus dem Erléis vun eisem leschte Chrëschtmaart den 13.12.2019 a ginn un den UNICEF Living Schools Projet am Malawi. An dëse Schoule léiren déi malawesch Kanner net nëmme liesen, schreiwen a rechnen, mee si kréien och gewisen, wéi ee kann Uebstbeem oder Geméis uplanzen a wéi ee mat nohaltegen Energiequellen wéi Sonn oder Wand ka Stroum produzéiren. 
De Vertrieder vun UNICEF Lëtzebuerg huet sech vill Méi ginn, fir d’Aarbecht vun der UNICEF z’erkläeren an de Kanner hir Froen ze beäntwerten. Mat Hëllef vun der moderner Technik ass déi ganz Scheckiwwerreechung an all Klassesall live gestreamt ginn, fir dass all eis Schüler konnten un der Séance deelhuelen, am Respekt vun den néidegen Distanzregelen.