Bienvenue au site Internet des écoles de la commune Aerenzdall. Vous y trouvez des actualités et des infrormations autour de nos écoles. Le site est également une plateforme de travail pour les enfants et les enseignants.
Di regional Halleffinale vum Virliesconcours fannen dëst Joer den Dënsdeg, den 2. Juni 2015 um 14h30 am Hall vun der Spillschoul zu Iermsdref (43, Gilsdreferstrooss) statt.
Well dëst Joer de Virliesconcours am Zeeche vun der Kannerrechtskonventioun steet a gläichzäiteg säin 10. Anniversaire feiert, hu mir d’Madame Isabelle Hauffels vun UNICEF Lëtzebuerg invitéiert, fir eis iwwer d’Kannerrechter ze informéiren.
Dat ass secherlech och ganz interessant fir déi aner Schüler a gläichzäiteg kënne si duerch hir Präsenz hire Kandidat ënnerstëtzen.
D'Kandidaten an hir Elteren gi per Post ugeschriwwen.
Um Enn vun dësem flotten Nomëtteg offréiert d’Äerenzdallgemeng nach e klenge Patt.
D'Kanner aus der Aerenzdallschull hunn sech immens dru ginn an hunn eng enorm Zomme fir den Télévie gesammelt. Dës Suen sinn zesummekomm duerch ganz ënnerschiddlechg Aktivitéiten: - den Télévie-Laf ronderëm den alen Fussballsterrain - den Verkaf vun eiser CD "Ech fir dech an du fir mech" - um Chrëschtmaart - den Verkaf vun Adventskränz - den Verkaf vum Viiz - um Bichermaart - beim Theater an der Iermsdrefer Spillschoul - den Verkaf vum Punsch Mir wëlle jidderengem, deen dozou bäigedroen huet, an och e Samsdeg trotz dem schlechte Wieder den Télévie duerch seng Presenz ënnerstëtzt huet ee grousse Merci soen!