lb fr

Aktivitéiten Cycle 4


Visite am Palais

2018-11-20
Am Kader vum Weltkannerdag den 20. November huet UNICEF Lëtzebuerg am ganze Land Aktivitéiten organiséiert, fir op d'Kannerrechter opmierksam ze maachen. An deem Kontext war eng Klass vum Cycle 4.1. an de Palais invitéiert ginn, fir do en Interview mam Grand-Duc Henri ze maachen.
De Grand-Duc huet sech gudd Zäit geholl, fir op de Kanner hir Froen ze äntweren. Nom Interview huet hien hinnen nach eng ausféierlech Visite duerch de Palais gemaach. Um Enn vun der Visite kruten si och nach Schocki, Jus a Pâtisserie offréiert an all Kand krut eng schéin Auer mam Logo vun der Cour Grand-Ducale geschenkt.

D'Kanner vum Cycle 4.1. soe jidderengem Merci, deen hinnen dësen onvergiesslechen Dag erméiglecht huet:
- dem Grand-Duc Henri, deen de Kanner d'Dire vum Palais opgemaach huet an sech hire Froe gestallt huet
- dem Sandra Visscher, dem Pol Heber, dem Isabelle Hauffels an alle Mataarbechter vun UNICEF Lëtzebuerg, déi di ganz Visite organiséiert hunn
- alle Mataarbechter vun der Cour Grand-Ducale, déi d'Kanner sou léiw empfaang hunn
- RTL Radio an Télé Lëtzebuerg fir déi flott Reportagen a Fotoen um Radio, op der Télé an op rtl.lu .

All Fotoen an dëser Galerie si vum Tom Di Maggio, Isabelle Hauffels a Pol Heber vun UNICEF Lëtzebuerg.

Link op rtl.lu mat engem Ausschnëtt vum Interview, engem Reportage vun der Visite a mat Fotoen


De Kleeschen ass komm!

2017-12-10
Mat flotten ageübten Lidder hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 de Kleeschen an den Housécker empfaangen. No puer gudde Rotschléi vum Kleeschen krut jidfereen eng Tiitchen. Merci léiwe Kleeschen!


Krëschmaart

2017-12-03
Kommt all de Mëtteg vu 14.00 - 18.00 Auer op de Krëschtmaart, de Cycle 4 huet fläisseg gebastelt.


De Cycle 4 beim Premierminister Xavier Bettel

2017-11-20
D'Schüler vum Cycle 4 hunn den 20. November, den internationalen Dag vun de Kannerrechter, um "Kidhack" vun UNICEF Lëtzebuerg deelgeholl. 

Deen Dag ass eng kleng Delegatioun vum Cycle 4 vum Premierminister Xavier Bettel am Staatsministère empfaang ginn. Do konnten d'Kanner him Froen zum Thema Kannerrechter, awer och méi perséinlech Froe stellen. Den Här Bettel huet eis ganz vill erzielt, hien huet eis seng modern Konschtsammlung gewisen a mir krute suguer nach ee klengen Abléck a säi Bureau.
Ee grousse Merci un UNICEF Lëtzebuerg, RTL Radio an Télé Lëtzebuerg an natierlech un eise Premierminister fir des wonnerschéin an onvergiesslech Erfahrung!

RTL Reportage


De Cycle 4 bei RTL

2017-11-20
D'Schüler vum Cycle 4 hunn den 20. November, den internationalen Dag vun de Kannerrechter, um "Kidhack" vun UNICEF Lëtzebuerg deelgeholl. Deen Dag sollten d'Kanner de Kommando vun der Politik a vun de Medien iwwerhuelen.
2 Woche virdrun ware mir bei RTL Radio Lëtzebuerg, fir Texter opzehuelen, déi um Weltkannerdag um Radio diffuséiert gi sinn. Eis Kanner hu sech vill Méi ginn a Reportagen opgeholl, Witzer erzielt, d'Kannerrechter opgesot, etc. Duerno krute mer och nach eng Visite guidée duerch d'Studioen vun RTL Télé Lëtzebuerg.


Mir hunn 3D-Kugele gezeechent

2017-11-22
Hei eist Resultat

Klass Cycle 4.2. (Guth Serge)


Nächst Lescht