lb fr

Wëllkomm

Wëllkomm um Website vunn de Schoulen aus der Gemeng Aerenzdall. Hei fannt dir Neiegkeeten an Informatiounen ronderëm eis Schoulen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten.


Neiegkeeten | Archiv

Krëschtmaart an der Ärenzdallschull

2017-12-03

De Mëtteg ass grousse Krëschtmaart vu 14.00 bis 18.00 Auer an der Sportshal vun der Ärenzdallschull. 
Et gëtt vill ze kucken an ze schmaachen, an ee schéine Konzert vun der Fielser Musik steet och um Programm!


Eis Schüler um Weltkannerdag

2017-11-20

D'Schüler vum Cycle 4 hunn den 20. November, den internationalen Dag vun de Kannerrechter, um "Kidhack" vun UNICEF Lëtzebuerg deelgeholl. Deen Dag sollten d'Kanner de Kommando vun der Politik a vun de Medien iwwerhuelen.
2 Woche virdrun ware mir bei RTL Radio Lëtzebuerg, fir Texter opzehuelen, déi um Weltkannerdag um Radio diffuséiert gi sinn. Eis Kanner hu sech vill Méi ginn a Reportagen opgeholl, Witzer erzielt, d'Kannerrechter opgesot, etc. Duerno krute mer och nach eng Visite guidée duerch d'Studioen vun RTL Télé Lëtzebuerg.
Um Weltkannerdag ass eng kleng Delegatioun vum Cycle 4 vum Premierminister Xavier Bettel am Staatsministère empfaang ginn. Do konnten d'Kanner him Froen zum Thema Kannerrechter, awer och méi perséinlech Froe stellen. Den Här Bettel huet eis ganz vill erzielt, hien huet eis seng modern Konschtsammlung gewisen a mir krute suguer nach ee klengen Abléck a säi Bureau.
Ee grousse Merci un UNICEF Lëtzebuerg, RTL Radio an Télé Lëtzebuerg an natierlech un eise Premierminister fir des wonnerschéin an onvergiesslech Erfahrung!




Journées du livre et du droit d'auteur : 23.-29. avril 2017

2017-04-26

D'Äerenzdallschull hëllt och dëst Joër um Projet "Journées du livre et du droit d'auteur" deel. Hei puer Impressiounen


47. Internationalen Raiffeisen Molconcours

2017-03-14

Och dëst Joër mécht d'Äerenzdallschull bei dësem Molconcours mat.


5 vun 56 Elementer ginn op der Säit 1 vun 12 ugewisen
( Éischt | Zeréck | Nächst | Lescht )